Oochener Daf 2021

Verëffendlecht, den 13.11.2021 Oochener Daf 2021
Léif AVL-Memberen,
 
No engem Joer Paus freeën mer eis Iech kennen matzedeelen dass en Mëttwoch, den 17. November rem eis Oochener Daf stattfënnt. Rendezvous ass hei wei gewinnt um 17h00 um Schluss vun der Rütscher Straße hannert dem Johannes-Höver-Haus!
 
Fir all d'Bleuen: Gitt d'Rütscher Straße bis bei déi läscht Haiser an dann eng Kéier lenks eran. Dir krut eng Mail wou all d'Detailer dra stinn.
 
All Bleu'en déi op der Stee vun desem an vum leschten Joer waren sinn hei häerzlechst wëllkomm, wann der net kennt dann soot dem Comité nach Bescheed.
Och Parrain'en an Marraine'en vun den Bleu'en sinn gebieden deen Owend do ze sinn.
 
All déi, déi schonn eng Daf hei gemaach hunn, kenne gär laanscht kommen an de Misär nokucken.
 
Wann der nach Froen hutt, kennt der eis gären eng E-Mail schreiwen (comite@avl.lu) oder per Facebook froen.
Bis spéitstens den 17.11!
 
Léif Gréiss,