Ponttorfeier 2023

Verëffendlecht, den 13.06.2023 Ponttorfeier 2023

Léif Memberen,

 

heimat invitéieren mir iech ganz häerzlech op eis Ponttorfeier 2023! 🥳

 

Fir eis Newbies - wat ass d‘Ponttorfeier amfong? Graff zesummegefaasst eng Diskussiounsronn („table ronde“) mat uschléißendem Cocktailempfang an „Walking Dinner“. 

Deen Dag kommen verschidde Partnerfirmaen vun eis de wäite Wee bis op Oochen, fir hier Firmaen a Form vu klénge Presentatiounen firzstellen. No de Presentatiounen hutt dir dann d‘Méiglechkeet, mat de Mataarbechter ze schwätzen - sierf et, fir nach e puer méi Informatiounen iwwert den Alldag vun engem Ingénieur ze kréien, oder suguer iwwert potenziell Stage- oder Schaffplazen ze verhandelen. 👷🏼‍♂️

No de Presentatiounen geet et dann virun mam Iessen- an Gedrénkspart. Hei bidden mir Iech eng Rëtsch Lëtzebuerger Wäiner, Beier an och Softs un, fir z‘Iessen suergt e Caterer an de Comité dréit mat senge Kachkënscht och nach e kléngen Deel dozou bäi. 👩🏼‍🍳👨🏽‍🍳

Begleed gëtt dat Ganzt och vu musikaleschen Acts - et geet vun Engelsgesäng vum AVL-Chouer, iwwert Live-Musik vun der Band Indigo bis hin zu funky fresh Vibes vum DJ Deys an Fleex! Et ass also fir jiddereen eppes dobäi.💃🏼🕺🏼

 

D’Event wäert dëst Joer de Mëttwoch, den 21. Juni – ewéi schonn déi läscht Joren – am Forum M iwwert der Mayersche stattfannen. Um 17.30 Auer fänke mir mat der Table Ronde un. Sidd also w.e.g. fir 17 Auer schon do, fir dass dat Ganzt pünktlech starte kann. 

 

‼️Wichteg‼️

Eigentlech ass d‘Table Ronde eng Viraussetzung, fir herno um Rescht vun der Soirée kënnen Deel ze huelen. Leider ass et ëmmer méi an d‘Mode komm, matzen an der Diskussiounsronn oder réicht dono ze kommen. Éischtens stéiert dat bei den Virstellungen vun den Firmaen, zweetens ass et grad duech sie réicht méiglech, dass mir iech de ganzen Owend gratis kënnen ubidden. 

Ween also ouni gudde Grond (Cours, Schaffen etc.) ze spéit kënnt, gëtt just nach géint eng kleng Spende vun 20€ ragelooss. 🤷🏼‍♀️

 

Et ass selbstverständlech, dass jiddereen deen kennt eng Memberskaart huet. Dir dierft gären eng Begleedung matbréngen, déi brauch natierlech deen Moment keng. Soot eis vläit just am Viraus Bescheed. 

 

 

Mir hoffen dir kommt zuelräich an freeën eis op e flotten Owend!

 

Fir de Comité,

Laure