Ponttorfeier 2025

Verëffendlecht, den 15.06.2025 Ponttorfeier 2025

Léif Memberen,

 

heimat invitéiere mir iech ganz häerzlech op eis Ponttorfeier 2025! 🥳

 

Fir eis Newbies - wat ass d‘Ponttorfeier amfong? Graff zesummegefaasst e Galaowend ugefang mat enger Diskussiounsronn („table ronde“) mat uschléißendem Sektempfang an „Walking Dinner“. 

Deen Dag kommen verschidde Partnerfirmen vun eis de wäite Wee bis op Oochen, fir hier Firmen a Form vu klénge Presentatiounen firzstellen. No de Presentatiounen hutt dir dann d‘Méiglechkeet, mat de Mataarbechter ze schwätzen - sierf et, fir nach e puer méi Informatiounen iwwert den Alldag vun engem Ingénieur ze kréien, oder suguer iwwert potenziell Stage- oder Schaffplazen ze verhandelen. 👷🏼‍♂️

Während dem Austosch geet et och virun mam Iessen- an Gedrénkspart. Hei bidden mir Iech eng Rëtsch Lëtzebuerger Wäiner, Beier an och Softs un, fir z‘Iessen suergt e Caterer an de Comité dréit mat senge Kachkënscht och nach e kléngen Deel dozou bäi. 👩🏼‍🍳👨🏽‍🍳

Begleed gëtt dat Ganzt och vu musikaleschen Acts - et geet vun Engelsgesäng vum AVL-Chouer, an dono leet den DJ CS op. Vir Partystemmung ass also gesuecht!💃🏼🕺🏼

 

D’Event wäert dëst Joer de Mëttwochs, den 18. Juni – ewéi schonn déi läscht Joren – am Forum M iwwert der Mayersche stattfannen. Um 17.30 Auer fänke mir mat der Table Ronde un. Sidd also w.e.g. fir 17 Auer schon do, fir dass dat Ganzt pünktlech starte kann. 

 

Dresscode: Tenue Correcte! 👗👔 

Är Faluche sinn och gär gesinn!🎩

 

‼️WICHTEG‼️

Eigentlech ass d‘Table Ronde eng Viraussetzung, fir herno um Rescht vun der Soirée kënnen Deel ze huelen. Leider ass et ëmmer méi an d‘Mode komm, matzen an der Diskussiounsronn oder réicht dono ze kommen. Éischtens stéiert dat bei den Virstellungen vun den Firmen, zweetens ass et grad duech sie réicht méiglech, dass mir iech de ganzen Owend gratis kënnen ubidden. 

Ween also ouni gudde Grond (Cours, Schaffen etc. - soot eis Bescheed) ze spéit kënnt, gëtt just nach géint eng kleng Spende vun 20€ ragelooss. 🤷🏼‍♀️

 

Wärend dem Walking Dinner, komme mer och mat enger Këscht bei earch a froen no engem klengen Don. Desen ass Fräiwelleg, an der kennt selwer entscheeden ob a wéivill earch den Owend wert ass.😁💸

 

Et ass selbstverständlech, dass jiddereen deen kënnt eng Memberskaart huet. Dir dierft gären eng Begleedung matbréngen, déi brauch natierlech deen Moment keng. Soot eis just am Viraus Bescheed. 

 

 

Mir hoffen dir kommt zuelräich an freeën eis op e flotten Owend!

 

Fir de Comité,

Ben