Ponttorfeier

Verëffendlecht, den 01.06.2026

📣 Invitatioun fir d'Ponttorfeier 2026!

 

Léif Memberen,

Heimat sidd dir all häerzlech op eis alljärlech Ponttorfeier invitéiert!

 

🥂 Wat erwaart iech?

Eise Galaowend ass déi perfekt Geleeënheet fir eise Sponsore Merci ze soen. No engem kuerze Sektempfang fänkt den Owend mat Diskussiounsronnen (Table-Ronden) un, gefollegt vun engem gemittleche Walking Dinner. Eng ganz Rëtsch vun eise Partnerfirme kommen extra op Oochen fir sech virzestellen an iech d’Méiglechkeet ze ginn an direkte Kontakt ze trieden, Froen ze stellen a villäicht schonn déi éischt berufflech Chancen ze ergatteren.

 

📍 Wou a Wéini?

 

🍕🍷Iessen & Drénken: 

Eise Walking Dinner gëtt vun eisem Caterer mat der Hëllef vum Comité preparéiert. Dozou gëtt et natierlech gudde lëtzebuergesche Wäin, Béier an och Softdrinks.

 

🎵Animatioun: 

Fir déi richteg Partystëmmung ass gesuergt – ënner anerem dank dem fantasteschen AVL-Chouer!

 

👔 Dresscode: 

Tenue Correcte (wa méiglech mat Faluche).

 

⚠️ Wichteg Informatiounen:

Präsenzflicht bei den Table-Ronden: Well eis Sponsoren an d'Diskussiounsronnen am Mëttelpunkt stinn, ass d'Participatioun dorun eng Viraussetzung fir de spéidere Walking Dinner an d'Festivitéiten. Ween ouni gëltege Grond (Uni, Aarbecht, medezinesch Ursaachen, etc.), deen dem Comité virdru matgedeelt gouf, ze spéit kënnt, kritt d’Entrée leider just géint eng Spend vun 20 €.

Ënnerstëtzung: Wärend dem Owend geet eng Box ronderëm (villäicht mat enger klenger Iwwerraschung), wou dir eis mat engem klenge Don ënnerstëtze kënnt, deen sou Owenter weiderhin erméiglecht.

Begleedung: Den Owend ass fir eis Memberen, awer eng Begleedung ass natierlech och häerzlech Wëllkomm! Gitt dem Comité dofir einfach am Virfeld Bescheed.

 

Mir hoffen iech zu esou vill wéi méiglech op der Ponttorfeier ze begréissen!

 

Bis geschwënn,

Äre Comité💛🖤