Quarantän wann ee vu Lëtzebuerg an Däitschland areest!

Verëffendlecht, den 14.07.2020

Léif Memberen,

 

leider huet d'Zuel vun den Nei-Infektiounen sech verschlëmmert zu Lëtzebuerg, sou dass Däitschland d'Land nees als Risikogebitt agestuuft huet. Des Moossnam bedeit ab haut Folgendes fir eis als Studenten:

- 2 Wochen Quarantän wann een aus Lëtzebuerg an Däitschland areest. No der Arees muss ee sech beim Gesondheets Amt via Mail un Infektionsschutz@staedteregion-aachen.de mam Betreff "Reiserückkehr" mellen. Dir kënnt iech och per Telefon un 0241-51985300 wenden.

- D'Raimlechkeete vun der RWTH (z.B. fir Klausuren) kënne fréistens 1 Woch no der Arees an Däitschland benotzt ginn. Dëst gëllt just fir d'Raimlechkeete vun der RWTH. Fir den Recht gëllt weiderhin eng Quarantän vun 2 Wochen

- D'Quarantän kann een mat engem Negativ-Test ëmgoen. Dësen duerf fréistens 48h virun der Arees gemaach ginn. Soulaang een op d'Resultat waart, muss een d'Quarantän anhalen. Falls d'Resultat negativ ass, ass een vun der Quarantän befreit

Fir den Moment sinn keng Grenzkontrolle mat Lëtzebuerg geplangt.

Bleift gesond! An denkt drun des Reegelen bei der Arees an Däitschland mat anzeplangen.