Quizowend
Verëffendlecht, den 28.11.2025
Léif quizbegeeschtert Memberen,
Et ass rëm souwäit! Ärt Wëssen ass rëm op eisem Quizowend gefrot!🥳
Daat ganzt fennt dest Joer den 10. Dezember am White House statt.
❗️Dëst Event gëtt fir de Moment op 10 Equippe à 4 Leit limitéiert!
D‘ Umeldung geet den 1.12.2025 um 15 Auer op an ass op bis den 8.12.2025
Dëst geschitt iwwert dëse Google Forms.
https://forms.gle/zJvPJm4S2287akDu9
D'Umellung kascht 5€ pro Matspiller.
D'Entrée iwwerweist der wgl och virun dem 8.12.2024 op eise Kont:
‚A.V. D’LETZEBUERGER AACHEN‘ LU18 0019 1755 6653 8000
Der Einfachheet hier bezillt 1 fir d'Equippe (20EUR) mam Betreff : "Equippennumm + Quizowend 2025"
Denkt also drun är Gehierzellen ze schounen oder nach ze traineieren an deems der nach e puer Folgen "Wer wird Millionär" duerchsucht.
D'Event start um 19h00 am White House (separaten Raum mat Beamer, (fir déi déi schon mol op engem Sponsoriessen waren: do!)).
Natierlech wärt et och dest Joer erem eppes ze gewanne ginn.
Mir freeën eis op är Ausgefalen Team Nimm an op e faire Wettkampf! Denkt och nach un ee Bic/Bläistëft pro Equippe!
Äre Comité