Quizowend

Verëffendlecht, den 11.04.2021 Quizowend
Léif AVLerInnen,
 
De 15. Abrëll ass et nees souwäit an den AVL start an dat neit Semester! No dem groussen Erfolleg deen eis Quizowender an de leschte Semesteren haten, wollte mer och dëst Semester äert Wësse mat puer kniwwelege Froen testen. Fir deen een oder anere kéint dat och eng gutt Ofwiesslung vun der Klausurenphase sinn a mat bësse Gléck gitt der um Enn vum Owend mat méi aus dem Meeting raus, wei der komm sidd. An jo dir hutt richteg gelies, de Quizowend wäert och dëst Semester rëm iwwer Zoom ofgehale ginn.
 
Deelhuele kennt der ënnert folgendem Link:
Thema: Quizowend mam AVL
Uhrzeit: 15.Apr.2021 19:30
Meeting-ID: 953 2449 5389
Kenncode: 570146
 
Mir freeën eis op iech.
 
Léif Gréiss a bleift gesond,
Äre Comité