Rallye Nationalfeierdaach

Verëffendlecht, den 14.06.2021 Rallye Nationalfeierdaach

 

Léiw AVLer,
 
normalerweis wier em Nationalfeierdag eis Ponttorfeier. Well déi am Moment awer nach net sou stattfannen kann, wéi mir dat gär hätten, gouf des op den 4. November verluecht. Mir sënn optimistesch an drécken d'Dommen, dat mir dann do mateneen prosten wäerten kennen.??
 
Fir dat mir eis déi Woch awer gesinn an op den Lëtzebuerger Nationalfeierdag (23.6.21) een drénken kennen, organiséieren mir een Rallye. ???
An Gruppen vun 4-5 Leit kennt dir iwwert ongeféier 6 km bei verschiddenen Statiounen är Geschécklechkeet, Wëssen an Kënnen ënner Beweis stellen. Natierlech ginn et och rëm flott Präisser ze gewannen. ???
 
Umellen kennt dir iech bis den 20. Juni 24:00 bäi mir. (lynn.aachen@avl.lu)
-Wann dir schon eng vollstänneg Grupp (also 4-5 Leit) sidd, geet et duer wann een vun iech mir schreift. Ech muss dann ären Numm matgedeelt kréien an wien alles an der Grupp ass.
-Wann dir gär um Rallye wëllt deelhuelen awer eleng, zu 2 oder 3 sidd, kennt dir Iech och bäi mir mellen an ech deelen iech dann an.
-Wann dir och gär eng Aktivitéit vum AVL wëllt matmaachen, mee net selwer wëllt Spiller maachen, kënnt dir iech och bäi mir mellen. Dir kennt dann hëllefen mat engem zesummen eng Statioun ze leeden.
 
Deen genauen Start kritt dir nach zäitno matgedeelt, mee et wäert sécher am Aachener Wald sinn. Dat heescht am südlechen Deel vun Oochen an d'Richtung vum Dräilännereck. ??
Bis dann,
ären Comité ??