RWTH Sportsday

Verëffendlecht, den 24.05.2022 RWTH Sportsday

Léiw Memberen,

All Joer organiséieren d´RWTH an d´FH den Sports Day, wou vill verschidden Tournoien, Schnupperangeboter an Bühnenprogrammer gebueden ginn.

Dëst Joer huet den AVL eng Fussball- an Streetball-Equipe ugemellt.

Ween interesséiert ass beim Fussball matzespillen soll sech bei mir op Facebook oder op daniel.weiler@avl mellen! Et sinn just nach puer PLatzen am Fussballteam frei, Basket ass well komplett.

Och déi Leit, déi net sou sportlech begaabt sinn, sinn natierlech ëmmer gär gesinn! Schliisslech brauchen mer erëm gutt ULTRAS, déi de ganzen Dag fir déi richteg Stëmmung, an eng gesond Portioun vun Eskalatioun suergen!

Wéinst dem Sports Day falen all d´Virliesungen op der RWTH an FH aus, sou dat jiddereen laanscht kucken kommen kann!

Fir de Comité,

Daniel