Séance Académique mat uschléissender Soirée de Gala

Verëffendlecht, den 06.10.2022 Séance Académique mat uschléissender Soirée de Gala

Léiw Memberen,

Am Kader vun eisem 125. Gebuertsdag hu mir dëst Joer schonn eng Rei Evenementer organiséiert. Lo wou d'Wantersemester rëm ugeet hale mir natierlech net domat op. Dofir lueden eis Kolleege vun der Amicale eis den 22. Oktober op hier Séance Académique mat uschléissender Soirée de Gala an.

Fir un dësem onvergiesslechen Owend deelzehuelen muss dir iech just iwwer de Site vun den Anciens umellen. Dat kenn dir ënner aachen.lu maachen. Do kenn dir och äre Menü vir den Owend raussichen.

Wichteg ze wëssen ass dass et och een Dresscode gëtt. De ganzen Owend gelt Tenue correcte also Kostüm Krawatte respektiv ee Rack.

Méi Informatiounen fann dir an eisem Event hei um Site, per Mail oder op eisem Facebook Event.

Kommt zuelräich da kenne mir den AVL éierbar representéieren an ee gudden Owend mat eisen Ancienskollege verbréngen.

Bis geschwënn

 

Äre Comité