Schlittschong mam AVL

Verëffendlecht, den 10.12.2021 Schlittschong mam AVL
Moien léif Memberen,
De Wanter ass schonn do a soumat och d‘Saison fir Schlittschong kennen ze fueren.⛸
Den AVL proposéiert iech dowéinst den Dënschden 14. Dezember nomëttes zesummen e puer Tier op der Äisfläch ze dréinen, an dat beschtefalls op de Been.?
Dat Ganzt géif an der 100,5 Arena Eissporthalle nieft dem Tivoli stattfannen.
Den noosten Busarret heescht Aachen Sportpark Soers.
Treffpunkt wier um 14:00, dann huet ee gutt 3h Zäit fir sech ze amüseiren.
Fir matzemaachen muss een d‘2G-Reegel befollegen, heescht et muss een entweder geimpft oder genesen sinn.
Zu de Präisser:
Eintritt kascht 7,50€
Schlittschong kaschten 5,00€/Puer
Mir freeën ons drop vill vun iech um Äis ze gesinn,
Äre Comité??