Skivakanz 7.-14. Januar 2023

Verëffendlecht, den 22.04.2022 Skivakanz 7.-14. Januar 2023

Leif Memberen,

D’AVL Skivakanz geet an déi zweet Ronn. Vum 7 bis de 14 Januar 2023 fueren mir als Veräin rëm Skifueren. Dës Kéier geet d’Rees op Le Levassaix am gréissten Skigebitt weltwäit 3 Vallées (600km Pisten). Mir wäerten samschdes moies mam Auto fortfueren. Dann gi mer 4 Deeg Skifueren an de Rescht vun der Woch wanderen respektiv Schlitt fueren. Den Chalet ass scho gebucht an geet iwer 3 Etagen, huet 12 Kummeren, een groussen Iessberäich, eng Sauna an ee Skikeller. Wei och schon dat lescht Joer man mer een eegenen Ugly-Skiing Day op der Piste an en Racletteowend. De Präis wäert sech op 400-450€ belafen. Doranner sin d’Iwwernuechtung an den Skipass, souwei d'Moieniessen an den Racletteowend mat abegraff. Wann dir interesséiert sidd fir matzegoen, dann kënnt dir iech elo schonn umellen. Domat hutt dir dann bei der richteger Umeldung méi spéit am Joer d’Virrecht op eng sécher Plaz fir matzegoen. Fëllt den Google Forms ënnert folgendem Link aus fir iech fier-unzemellen.

https://forms.gle/8SqkY1CoqvtvNid48

Opgepasst: Är Virumeldung gëllt nëmmen wann dir är Memberskaart bezuelt hutt!

Wann dir weider Froen hutt, dann schreift dem Alain Georges (FB oder alain.georges@avl.lu).

 

Fir déi wou sech der Saach nach net sécher sin, ass hei den Aftermovie vum leschte Joer. Merci un de Luc Feiereisen fir de Video!
https://gigamove.rwth-aachen.de/en/download/cc2557f6892fe7a85fa5de0a4fccaf10