Skivakanz - Verkierzten Versioun vum 7 bis 11 Januar

Verëffendlecht, den 18.12.2022 Skivakanz - Verkierzten Versioun vum 7 bis 11 Januar

Et sin nach emmer Plazen fräi fir eis 2t Editioun vun der AVL Skivakanz. Well sech leider keng Leit méi fanne loosen, déi di ganz Woch mat an d’Skivakanz op 3 Vallées goe kënnen, hun mir décidéiert lo och d’Méiglegkeet ze bidden fir just hallew sou laang matzegoen, also vum 7 bis 11 Januar. Hei wier dann een Skipass fir 3 Deeg amplaz 6 Deeg am Präis mat abegraff. An deem Fall géing et dann natielech och bësse manner kaschten, viraussiichtlech ëm déi 450€ op de Kapp. Dir kënnt iech weiderhin awer och nach fir déi ganz Woch umellen. Wann dir also nach Loscht hätt matzegoen, dann mellt iech iwwert dëse Link un, wou dir weider Informatiounen fannt: https://forms.gle/LeYduiMBpC6jF8P48 Wann dir nach Froen hudd, dann mellt iech beim Alain Georges