Soirée de Bienvenue
Verëffendlecht, den 04.10.2025
Leif Ersties a natierlech all Memberen,
mir freeën eis, och dëst WS rëm mat enger Soirée de Bienvenue anzeleeden. Wéi bal all Joer, handelt et sech em e Fräibéier mat Dikrecher domat dir eis Heemescht net ze vill vermesst, natierlech hu mir och un di Leit geduecht di keen Alkohol wëllen drénken, fir déi gellt och FräiSoftdrinks. Wie gewinnt fënnt dat alles an dem AVL Stammcafe statt, dem Kaktus an der Pontstross, um 20:00. Op dëser Soirée kënnen eis Ersties och hier Memberskaart kafen, an mat engem Bingo, Memberen wie och aner Ersties kenneléieren. Natierlech dierfen och Memberen mat Bingo spillen !
Mir freeën eis iech do ze gesinn, an d'Semester méi oder manner sëffeg ze starten!
10€ fir de Fräibéier wann een eng gülteg Memberskaart huet.
20€ fir Memberskaart + Fräibéier (déi fir d`Bleuen bis AG 2026 gülteg ass)
Äre Comité