Soirée de Bienvenue

Verëffendlecht, den 27.09.2023 Soirée de Bienvenue

Léiw AVLer an zukünfteg AVLer,

Een neit Semester steet virun der Dier, bezéiungsweis ee neit Kapitel fir sou munch anerer. Héich Zäit, dass mir eis all erëm gesinn an nei Gesiichter hei zu Oochen begréissen kennen. Mëttwochs den 11.10.2023 ass et rëm sou wäit Ab 20.00 geet et lass mat der Soirée de Bienvenue wou dir iech är Memberskaart kafen an vum Fräibéier profitéieren kennt. Bis spéit an Nuecht gëtt dann den Kaktus on Fire geschmass.

10€ fir den Fräibéier wann een eng gülteg Memberskaart huet. 20€ fir Memberskaart (déi fir d`Bleuen bis AG 2025 gülteg ass) Mir verkaffen och Eco Cups (2€) an Lastiker (1€).

Mir freeën eis op een flotten Owend.

Bis geschwënn,

ären Comité