Staffellaaf
Verëffendlecht, den 07.05.2026
Léif Memberen,
Den 12. a 13. Juni fënnt rëm den AVL-Staffellaf statt. Bei dësem Event lafe mir gestaffelt vun Ooche bis op Lëtzebuerg. Dëst Joer lafe mir bis op Diddeleng, an d’Heemechtsgemeng vun eisem President Thomas Vinandy.
Wéi wäert de Staffellaf oflafen?
- Treffpunkt den 12. Juni um 7:00 virum SuperC mam Rektor vun der RWTH
- 1. Dag lafe mir bis op Géisdref, wou mir owes zesummen iessen
- 2. Dag starte mir moies zu Géisdref
- Zil ass kuerz virun 18:00 zu Diddeleng unzekommen
Do waart dann de Buergermeeschter op eis an da gëtt et nach een Éierewäin op dee mir ageluede gi sinn.
Weider Infoë wäerte méindes, den 18. Mee op der Staffellafversammlung um 19:00 am Kaktus beschwat ginn.
Mat beschte Gréiss,
Äre Comité