Staffellaf Virversammlung

Verëffendlecht, den 28.04.2022

Léiw Memberen

Nächsten Mount steet den Staffellaf rëm virun der Dier, wou mir 220 km vun Oochen op Lëtzebuerg (Bartreng) lafen!Wéi och déi lëschte Joren organiséiere mir eng Versammlung virum Staffellaf, wou all Detailer gekläert ginn, Ween Wéini Wou leeft.

Mir treffen eis de 2. Mee um 18 am Kaktus, wou Dir kennt uginn weivill Kilometer an wou Dir ongeféier lafen wëllt.

Dofir soll jiddereen deen um Staffellaf de 20. an 21. Mee wëll matlafen un der Versammlung den 2ten Mee deelhuelen.

Falls Dir den Datum keng Zäit hutt, kennt dir mir och per FB oder Email (daniel.weiler@avl.lu) är Umeldung raschécken.

All Leefer kritt vun eis en 125 Joer AVL-T-Shirt geschenkt, fir dass och jiddereen schéin ausgesäit wann en sech duerch säin Parcours kämpft.

Hei den Oflaf vum dësjäregen Staffellaaf:

Zu éieren fir 125 Joer AVL, lafen mir Freides bei den Pol ob Géisdref bei eisen Prési wou et en Eirenwein gëtt an herno Gegrills&Gedrénks (gratis). Fir dass keen muss nom Drénken heemfueren, kennt dir och Owes am Sall schlofen.

Samschdes Moies lafen mir dann weider vun Géisdref ob Bartreng bei den Präsident vun den Anciens, wou et dann en weideren Eirenwein gëtt,

Samschdes Owes organiséieren mir en Iessen. (genauer Infoe kommen nächst Woch no, mat separater Umeldung fir d’Iessen Samschdes Owes).

Fir all Persoun di well um Staffellaf deelhuelen, egal ob lafen oder aner Festivitéiten, muss sech w.e.g ënner folgendem Link umellen:

https://forms.gle/KzKPrmXhnZWqc8nP7

(Als Ancien muss en sech net nachengkeier separat fir d’Lafen beim Staffellaf unmelden. D’Anciens lafen zesummen di letzt 5km mam AVL Comité ob Bartreng ran)

Fir den Comité,

Daniel