Staffellaf

Verëffendlecht, den 12.05.2021 Staffellaf

Léif Memberen,

No engem Joer Paus fennt dest Joer endlech rem den traditionellen Staffellaf vun Oochen op Letzebuerg statt. Dest Joer laafen mir op d’Mousel op Wuermer!

Freides moies, den 21. Mee starten mir zu Oochen virum SuperC wou den Rektor Dr. Ulrich Rüdiger eis den Startschoss gett. 

Vun do aus geet et dann an Etappen iwert d’Grenz bis op Housen, wou mir Owes zesummen eng Pizza iessen wärten.

Samstes moies starten mir dann nees zu Housen fier gestärkt eis letzt Etappen bis op Wuermer hannert eis ze brengen.

Am Nometten zu Wuermer unkomm, invitéiert eis d’Gemeng op een Éierenwäin fier dat Ganzt erfollegreich ofzeschléissen. Dest natierlech ennert deenen aktuell erlaabten Mesuren.

 

Wanns du motivéiert bas matzelaafen, dann mell dech beim Charel Fohl (charel.fohl@avl.lu) un. 

Gidd bei ärer Unmellung Bescheed wéivill Kilometer dass dir ongefeier laafen wellt, an ob dir éischter an der Geigend Oochen oder an der Geigend vun Letzebuerg är Etapp laafen wellt.

Gidd och Bescheed op dir Freides Owes bei der Pizza dobei sidd oder net.

Et as fir jiddereen eng Etapp dobei, dofier zeckt net wann dir och nemmen en puer Kilometer hannert iech brengen wellt!

Mir hoffen op eng grouss Unzuel un motivéierten Leefer.

 

Mat bäschten gréiss,

Äre Comité.