Stee 2020 - Digital

Verëffendlecht, den 04.11.2020
Léif AVL-Memberen, 
Den Dënnsten, den 10. November fënnt d'Stee an digitaler Form iwwer Zoom statt. All Sale Bleu (Ersti), den Daf well maachen, muss virdrunner vun engem Member (den Daf scho gemaach huet) gesteet ginn. Och wann Daf réischt am Summersemester wäert stattfannen, solle si lo schonn ee Pätter oder eng Giedel kréien, fir dass si een hunn un den se sech bei Froe kenne wenden oder wann se einfach eppes ënnerhuele wëllen. 
Den Oflaf vun der Stee wäert sou sinn, dass am Ufank jiddereen an den Zoom Meeting kennt a vun do ginn déi déi steeë wëllen an ee Breakoutroom gesat. An dem Raum kommen zu zwee an zwee Sales Bleu'en ran, déi sech dann solle virstellen an eppes ubidde wat si fir hier Giedel oder hire Pätter géife maachen. Heifir géife mer iech dann och bieden äre Mikro an är Kamera unzemaachen. Dann gëtt gesteet an do geet et nom Prinzip déi éischt si vir. Déi Leit ginn an een eenzele Breakoutroom gesat wou se an engem Onlinespill géigendeneen untriede mussen. De Gewënner gëtt dann d'Giedel oder de Pätter vum Sale Bleu. 
Wann weider Froe sinn oder een eng Umierkung well maachen, kenn dir dat gär per Mail maachen. 
Mir hoffen, dass vill vun iech wäerten deelhuelen. 
Léif Gréiss,
Äre Comité