Stee
Verëffendlecht, den 08.10.2025
Léif Memberen,
Mëttwochs, den 22.10.2025 ass et endlech rëm sou wäit an eis Stee am Kaktus fënnt statt. D'Stee fänkt dëst Joer och rem um 18:00h am Kaktus un a mir wiere frou souvill vun iech wéi méiglech do begréissen ze kënnen. All Sale Bleu, deen d'Daf matmaache wëll, muss sech vun engem Pätter oder enger Giedel steeë loossen!
Fir dass mir wësse wien alles d'Stee matmëscht kënnt dir iech vir am Kaktus an eng Lëscht androen, a mir ruffen iech op, subaal et un ärem Tour ass.
Fir d'Sale Bleu'en (also déi, déi nach net gedeeft sinn) déi net wësse wat d'Stee ass a wéi dat ofleeft, hei eng kleng Erklärung:
Dir kommt de Mëttwoch an de Kaktus a schreift iech an déi ugeschwate Lëscht an. Dir waart da bis dass et un iech ass a mir ruffen iech zu zwee an zwee fir gesteet ze ginn. Dann kënnen all déi Memberen, déi hier Daf scho gemaach hunn, Béier bidde fir iech ze steeën. Deen, deen am meeschte gebueden a gedronk huet, gëtt dann äre Pätter/är Giedel.
Dir kënnt iech gär schon am Viraus iwwerleeë, waat dir ären zukünftege Pätteren a Giedele wëllt bidden, fir dass si iech steeën.
Bei weidere Froe kënnt dir eis gären eng E-Mail schreiwen.
Bis geschwënn,
äre Comité