Stee am Kaktus

Verëffendlecht, den 13.10.2021 Stee am Kaktus

Léiw AVL-Memberen,

 

Den 20. Oktober um 19h fënnt no engem Joer Paus endlech rëm d'Stee am Kaktus statt!

Un all d'Sales Bleu'en, wann dir är Daf wëllt maachen, musst dir iech als éischt vun engem Pätter oder enger Giedel deen Owend steeë loossen.

Fir et organisatoresch méi einfach ze maachen, hu mir eng Lëscht an déi dir Sales Bleu'en iech sollt androen, wann dir an de Kaktus kommt. Mir ruffen iech dann op wann et un ärem Tour ass fir gesteet ze ginn.

 

Eng kuerz Erklärung wat d'Stee iwwerhaapt ass an wéi se ofleeft: Sales Bleu'en (dat sinn déi Leit déi nach net gedeeft sinn), ginn zwee an zwee opgeruff a stellen sech kuerz vir. Dann ginn si vun deenen gesteet déi schonn eng Daf gemaach hunn. D'Giedel oder Pätter vum Sale Bleu gëtt déi Persoun, déi déi meeschten Béier gebueden a gedronk huet.

 

Dat Ganzt fënnt ënnert den 3G Reegele statt. Dat heescht dir musst entweder geimpft, genesen oder een zertifiéierte Schnelltest virweise kennen.

 

Außerdeem dierfen just Memberen matsteeën déi scho gedeeft sinn. Mir wieren och frou wann des Memberen eis Bleu'en an den AVL intégreieren vir dass se ee gudden Uschloss an eisem Cercle fannen.

Déi Bleu'en déi d Stee d läscht Joer online matgemaach hunn an awer net gedeeft sinn déi ginn net méi versteet.

 

Wann weider Froe bestinn, kenn dir eis gären eng E-mail schreiwen.

 

Bis geschwënn,

äre Comité