Stee

Verëffendlecht, den 15.10.2022 Stee
Leif Memberen,
 
Nächste Mëttwoch, den 19.10.2022 ass et endlech rëm sou wäit an eis Stee am Kaktus fënnt statt. D'Stee fänkt dëst Joer um 18:00h un a mir wiere frou souvill vun iech wei méiglech do begréissen ze kennen. D'Sale Bleu'en déi d'Daf matmaache wëlle mussen sech vun engem Pätter oder enger Giedel steeë loossen.
Fir dass mir wësse wien alles d'Stee matmëscht läit eng Lescht an der Entrée vum Kaktus an déi dir agedroe gitt fir dass mir iech ruffe kenne wann et un ärem Tour ass.
 
Fir d'Sale Bleu'en (also déi déi nach net gedeeft sinn) déi net wësse wat d'Stee ass a wei dat ofleeft, hei eng kleng Erklärung:
Dir kommt de Mëttwoch an de Kaktus a schreift iech an déi ugeschwate Lescht an. Dir waart da bis dass et un iech ass a mir ruffen iech zu zwee an zwee fir gesteet ze ginn. Dann kennen all déi Memberen déi hier Daf scho gemaach hunn Béier bidde fir iech ze steeën. Deen deen am meeschte gebueden a gedronk huet gëtt dann äre Pätter/är Giedel.
 
Bei weidere Froe kenn dir eis gären eng E-Mail schreiwen.
 
Bis geschwënn,
äre Comité