Studentenbal
Verëffendlecht, den 03.06.2026
Den 03.07. ass et endlech nees esou wäit! De Studentebal geet an déi nächst Ronn! 🪩 Dëst Joer ass et awer net wéi all Joer, well mir feieren déi **25. Editioun vum Studentebal**! 🥳 Eng ganz speziell Editioun also, déi dir op kee Fall verpasse sollt.
Egal ob dir Loscht hutt ze danzen, mat Frënn ze feieren oder einfach eng flott Summernuecht ze verbréngen – hei sidd dir genau richteg. An natierlech wäert och den **AVL-Stand** net feelen, wou dir eist legendäert **Studentewaasser** fannt! 🍹 Wien et kennt, weess Bescheed – a fir all déi aner gëtt et héich Zäit, et auszeprobéieren. 😉
Wann dir dobäi sidd, vergiesst net ären Ticket iwwer eise Link ze huelen! 🙌
👉 https://studentebal.lu/?r=2026b
An deelt **eise Link** och gär mat äre Frënn, déi och op de Studentebal wëlle kommen. Eng 25. Editioun feiert een schliisslech am beschte mat esou vill Leit wéi méiglech! 🥂✨
Mir freeën eis drop dech bei eisem Stand ze gesinn!