Summerolympiad zu Lëtzebuerg
Verëffendlecht, den 14.06.2025
Léif AVLer an Anciens,
Wéi all Joer steet rëm den de Match géint Anciens um Programm. Al géint Jonk gëtt eng Olympiad mat 3 Disziplinnen (wouvun een als eenzel Persoun net all Disziplin spille muss) duerchgefouert!
- Beachvolleyball
- Petanque
- Wickingerschach
Gespillt gi Petanque a Wikingerschach an Ekippe vun 2. Beim Beachvolleyball gi jeeweils 2 Ekippen zesummegeloust di da géint 2 aner Ekippe spillen (et sinn also 4 Spiller pro Säit um Terrain). An deem Sënn biede mir iech bei der Umeldung unzeginn, mat weem dir an enger Ekipp wëllt sinn. (Wann et iech egal ass mat weem dir an der Ekipp sidd, dann drot einfach “Mister X” an der entspriechender Case an.)
Optional kënnen déi eenzel Sportler sech nach bei engem Béierlaf vu ganzen 1,5 km moossen. De Gewënner vun der Course gewënnt eng gëlle Kou ?.
Dat Ganzt fënnt
Samschdes de 28ten Juni 2025 ab 11:00 Auer um Barbecue "A Mouschelt" statt.
D'Olympiade start géint 11:30. D’Adress ass 250, rte de Fischbach, L-7447 Lëntgen. Et ginn ëmmer Amateure fir eng vun den dräi Disziplinne gesicht. Also zéckt net a mellt Iech w.e.g. bis spéitstens den 20. Juni mathëllef vum Formulaire op der Website heirënner un:
https://www.aachen.lu/2025/05/oochener-summerolympiad-2025/
Fir Iessen a Gedrénks fir d' Mëttesiesse gëtt gesuergt.
Mir hoffen op e puer motivéiert Ekippen!