Summerrallye - Néit Event
Verëffendlecht, den 17.06.2026Léif Memberen,
dëse Summer wëlle mer iech da lo häerzlechst zu onsem neiem Event dem Summerrallye alueden.
Dobäi wäert dir a verschiddenen Spiller an Equippe vu 4-6 Léit géintenee Punkte sammelen!
A verschiddene Parks vun Ooche wäert de Comité iech empfaangen a mat klenge Spiller iwwerraschen, änlech wei um Cafésrallye oder Landjugenddaag, just am klengen.
Wéini? 29.06 vun 16:00 bis ~21:00
Wou?
- Start: virum Rathaus
- Schluss: Kaktus op eise Stammdësch (ass schliisslech Méindes!)
Umeldung: https://forms.gle/o9oQxQgi6YjWWP8TA (Deadline: 28.06)
Wichteg: Fir dëst Event muss der äert eegent Gedrénks matbréngen!
Bis dann, dir kommt jo alleguer,
Äre Comité