Table Ronde & Ponttorfeier

Verëffendlecht, den 22.10.2021 Table Ronde & Ponttorfeier

Ganz geschwënn ass schon eis Ponttorfeier!

Well mir et duerch d'Covid-Pandemie net am Juni hunn konnten stattfannen loossen, huelen mir dat lo am Wantersemester no! Mir gesinn eis dofir den 4.November.2021 wéi déi lescht Joëren och schon am Forum M (Buchkremerstraße 1). Denkt och drun äer schéinste Kleeder mat op Oochen ze brengen, well den Dresscode ass Tenue Correcte (Kostüm a Krawatte fir d'Männer resp. Rack/Kostüm/ähnleches fir d'Ladies). ??

Den Oflaf vum Owend ass:

-18:00: Begréissung an Empfang vun eise Memberen (dat sidd dir) an de Representanten vun den Entreprisen mat enger Coupe oder engem Béier

-18:30: offizielle Start vun der Table Ronde wou mir dest Joer dierfen 7 Firmen begréissen.

-20:30: (no de Presentatiounen) Start vun der Ponttorfeier. Do zerwéiren mir lëtzebuergeschen Wäin, Schampes a Béier. Fir de klengen Honger ass natierlech och gesuergt. ???

Mir freeën eis drop mat iech ze feieren. ??

Bis dann,

fir de Comité,

Lynn