Tournoi de l'Ambassadeur
Verëffendlecht, den 31.03.2026
Léif Memberen,
D’Lëstlé invitéiert häerzlech op den traditionellen Tournoi de l'Ambassadeur, deen dëst Joer den Weekend vum 24.,25., an 26. Abrëll zu Léck statt fënnt.
Dëst Joer kennen niewent den traditionelle Cerclen (GDL, LESTLE, CELB an AVL) och all anere Cercle deel huelen.
Freides geet et lass ab 20 Auer mat enger klenger Soirée am Take Off.
Samschdes moies um 10 Auer ass de Fussballturnéier, wou Cercle géinteneen untrieden. Dono gëtt de Roi an d'Reine National(e) ënnert de 4 traditionelle Cercle gekréint. Jiddereen ass natierlech häerzlech wëllkomm fir d'Roien an d'Reinen unzefeieren! Ab 21 Auer ass eng Soirée forfaitaire am Carré wou dir souvill drénke kennt wéi dir wëllt.
Sonndes get et méi roueg, wou mir eis am Laaf vum Daag op den Wee Heem machen.
Dat ganzt kascht 25€. Dëst beinhalt souwuel d’Forfaite fir d’Gedrénks beim Fussball-Tournoi, wei och d’Forfaite fir d’Soirée Samschdes Owes.
Oflaf vum Fussball:
Gespillt gëtt Cercle géint Cercle.
Eng Equipe besteet aus 6 Leit an d'Unzuel vun Ersatzspiller ass egal.
Wann dir kommt (ob Fussballspiller oder net) da mellt iech bei den Lécker ënnert folgendem Link un. Preziséiert och ob dir eng Schlofplaatz braucht oder net. (Opgepasst: Schlofplazen sinn begrenzt)
Den Forms geet den 1. Abrëll um 12:00 Auer op.
https://forms.gle/XqAqiC8ZnzcchmsU7
‼️D'Umeldung ass eréischt da confirméiert, wann dir de Google Forms ausgefëllt hutt an d’Bezuelung vu 25€ per Iwwerweisung oder via Payconiq gemaach hutt.
IBAN : LU57 0019 7155 8367 3000
Payconiq : 691270902 (Lily Christophory)
Gidd als Beschreiwung dobäi un : Numm, Virnumm an TdA Léck.
Wann dir wëllt Fussball matspillen, musst Dir Iech bei mir mellen.
Dir musst keng Angscht hunn, dass den Tournoi nëmmen fir Championsleaguespiller ass, mir wäerten viraussiichtlech puer Teams umellen.
Mir brauchen vill Ultras fir eis unzeféieren, dass mir och sécher als Gewënner vum Feld ginn.
Fir den Transport hunn mir nach keng final Entscheedung getraff, mir halen Iech um lafenden.
Mat beschte Gréiss,
Äre Comité