Tournoi de l'Ambassadeur

Verëffendlecht, den 18.04.2023 Tournoi de l'Ambassadeur
Wei all Joers fënnt niewent der Championsleague och dëst Joer den weltbekannten Tournoi de l'Ambassadeur statt. D'Editioun 2023 wäert den 29 Abrëll an der schéiner belscher Staat Louvain-la-Neuve stattfannen. 
 
Mee wat ass iwwerhaapt den Tournoi de l'Ambassadeur, wourëms geet et ?
 
Den Tournoi de l'Ambassadeur ass een Fussballturnéier wou all Lëtzebuerger Studentecercle häerzlech invitéiert ass, eng (oder méi) Ekipp opzestellen. Deen Turnéier gëtt säit den 80er ofwiesselnt vum AVL, CELB, Lëstlé an der GDL organiséiert. Eng Ekipp besteet aus mindestens 6 Persounen an Unzuel un Ersatzspiller ass egal. 
 
Mir wäerten viraussiichtlech och puer Ekippen opstellen, déi no Niveau opgedeelt gin. Op der also grouss kleng, , RWTH oder FH sidd et ass komplett egal dir hutt keng Excuse. Soulaang dir méi wei 100m lafen kennt ouni ze falen sidd der Wëllkomm. 
 
 Wann dir wëllt Fussball matspillen, musst der iech beim François Welter umellen. Entweder iwwert Facebook oder per mail ënnert :francois.welter@avl.lu
 
Sollt dir keen Fussball spillen, dann sidd der natierlech häerzlech Welkomm bei den AVL-Ultras matzemachen an éis Athleten unzefeieren.
 
 Wann der beim Event matmachen wellt, dann muss dir iech iwwert folgenden Link umellen. Do kennt dir an engems och uginn ob der vum 29 op den 30 Abrëll zu Louvain-la-Neuve iwwernuechten wëllt. Oppassen et gin nëmmen limitéiert Platzen sou dat et nom Prinzip „ First come, first served“ verfueren wäert. D’Umeldungen sinn bis den 22ten Abrëll op (Idem fir d’Ofmeldungen).
 
https://docs.google.com/forms/d/e/1FAIpQLSeBNVZYHZ8yQ71VjfOPlXk-_0DHXKnWkpqho5KIcAWx_wewwQ/viewform?usp=sf_link
 
Fir dass eis Sportler och leeschtungsfäeg bleiwen, geet Béier an Gegrills verkaf, wier jo ze schued wann mer een Kalorien Defizit hunn. Natierlech kann een och wärend dem Event gratis Waasser kréien fir déi ganz Verreckt ënner iech.
 
Mee feelt do net eppes ? Dach nämlech gëtt och des Joer den Roi an d'Reine national gekréint. Fir deen Adelstitel ze verdéngen mussen déi respektiv Roi an Reine des bleus vun den originellen Organisateuren vum Tournoi de l’Ambassadeur (dh. AVL, CELB, Lëstlé an GDL) esou vill Béier inhaléieren wei et geet. An dës Editioun 2023 ass ganz besonnesch well mir säit laangem erëm Titelverteideger sinn. Lëscht Joer hat nämlech den Master himself Ben Graas den Extournoi gewonn an den Titel an d'Éier vun den aneren Roien mat no Oochen geholl.
 
An wann dir noom Turneier nach motiveiert sidd dann geet et nach an enger Bar weider. 
 
Leider hunn mir nach net déi genau Adresse, mee soubal mir déi hunn sidd dir déi éischt déi se matkréien inklusiv wei een am beschten dohin kennt.
 
Hei nach e klengen Recapitulatif :
 
Programm: 10h: Treffen um Fussballterrain (déi genau Adresse kennt nach no) 10h30-11h: Start vum Tournoi de l'Ambassadeur 17h: Roi et Reine national 21h: Soirée mat Forfetaire bei eis am Bar (20, Chemin de la Bardane, 1348 Ottignies-Louvain-la-Neuve)
 
PS: Am Communiqué ass eis e Feeler ënnerlaf, den Tournoi de l'Ambassadeur geet just iwwert een Dag (Samschden den 29.). Dat eenzegt wat iwwert zwee Deeg wäert goen ass ären Kaater.