Tournoi de Noël
Verëffendlecht, den 18.12.2025
Léif AVL‘er,
den 22. an 23. Dezember ass et erëm souwäit an den Tournoide Noël steet um Programm. Wéi all Joers organiséiert d’ACEL a Kooperatioun mat der LASEL dëst Sportsevenement um Campus Geesseknäppchen. Bei dësem Event trieden déi verschidde Lëtzebuerger Cerclen an den Disziplinne Volleyball, Basket a Fussball géinteneen un.
Méindes, den 22. Dezember gëtt Basket a Volleyball gespillt. Um zweeten Dag vum Tournoi, dem 23. Dezember, sinn dann d’Fussballspiller drun, den AVL a sengen Faarwen ze vertrieden. Natierlech huet den AVL wei all Joer nees eng Equipe bei all Disziplin ugemellt.
Dees Event ass awer net nëmme fir d’Sportler:innen ënnert eis mee och fir déi manner sportlech Leit. Dowéinst géifen mir eis iwwert all eenzelnen Supporter freeën de säi Wee an d’Hall fënnt an do mat gudderStëmmung eis Equipe ufeiert.
Allgemeng Reegelen:
- keen Iessen a Gedrénks an den Halen (ausser Waasser fir d’Sportler!)
- kee Glas um ganze Site erlaabt
Disziplinen
- Basket (22.Dezember) – Start um 9:30
- Volleyball (22. Dezember) – Start um 9:30
- Fussball (23.Dezember) – Start um 9:30
Iwwer dësen Link kënn dir iech den Spillplang mat den Auerzäiten an Halle genau ukuken:
https://www.lasel.lu/tdn/
Bis geschwënn äre Comité