Tournoi de Noël 2022

Verëffendlecht, den 04.12.2022 Tournoi de Noël 2022

Léif Léit ,

Wéi all Joer organiséiert d'ACEL a Kooperatioun mat der LASEL während der Chrëschtvakanz, wann d'Studenten rëm alleguer zu Lëtzebuerg sinn, den Tournoi de Noël 2022!⚽️🏀🏐

Während 2 Deeg trieden dann d'Studentencerclen aus vill verschiddenen Stied an 3 Sportarten géindeneen un.

Den 27. Dezember ginn d'Matcher vum Basket an Volleyball gespillt, den 28. Dezember déi vum Fussball. Nom Fussball ginn mir zusummen ob den Bréissler Bal.

Dat Ganzt fënnt wéi ëmmer um Campus Geesseknäppchen statt.

Wanns du gäeren den AVL an sein Comité an den verschiddenen Sportarten ënnerstëtz💪🏻, un enger flotter Ambiance deelhuelen🎉, an einfach eng cool Zäit mat eis verbréngen wells, dann komm mol laanscht an genéiss dein Dag mat eis zesummen😍🍻

Zusummen wärten mir den Gesamtpokal an den Saufpokal gewannen!!

🗓Den genauen Plang, wat wou gespillt gëtt, fannt dir méi spéit am Event vun der ACEL, respektiv um Site vun der LASEL.

Eis Equippen sinn frou fir all eenzelnen Supporter den do ass, bréngt also roueg gutt Stëmmung an Saachen déi gutt Kaméidi maachen mat!📯🥳

Mir freeën eis, iech all dohannen ze gesinn!

Fir den Comité,

Daniel