Turnoi de l'Ambassadeur

Verëffendlecht, den 11.04.2022 Turnoi de l'Ambassadeur

D’Lëstlé invitéiert häerzlech op den traditionellen Tournoi de l'Ambassadeur, deen dëst Joer Samschdes den 30ten Abrëll zu Léck statt fënnt.

Dëst Joer kennen niewent den traditionelle Cerclen (GDL, LESTLE, CELB an AVL) och all anere Cercle deel huelen.

Moies ass de Fussballturnéier, wou Cercle géinteneen untrieden. Dono gëtt de Roi an d'Reine National(e) ënnert de 4 traditionelle Cercle gekréint. Jiddereen ass natierlech häerzlech wëllkomm fir d'Roien an d'Reinen unzefeieren!

Fir Iessen, Gedrénks a genuch Béier wärend dem Fussballturnéier ass natierlech gesuergt. Et soll eis jo keen un Duuscht leide beim ufeiere vun eise motivéierte Spiller. Dofir bidde Sie eis eng Gedrénksflatrate fir 20€ un, an der ass d'Gegrilltes awer net inklusiv.

Hei déi wichtegst Eckdaten zesummegefaasst:

10h00: Treffpunkt beim Fussballterrain (Adresse kënnt no) fir kenne pünktlech um 11h unzefänken.

18h00: d'Kréinung vum Roi an der Reine National(e).

20h00: rdv am Factory, en Café am carré an der rue d‘Amay, wou mir bis et rëm hell gëtt zesumme feieren!

Zum Oflaf vum Fussball:

Gespillt gëtt Cercle géint Cercle.

Eng Equipe besteet aus 7 Leit (Goalkeeper inkl.) an d'Unzuel vun Ersatzspiller ass egal.

Wann dir kommt (egal ob dir Fussball spillt oder net) da mellt iech bei den Lécker weg ënnert folgendem Link un a preziséiert och ob dir eng Schlofplaatz braucht oder net:

https://docs.google.com/forms/d/e/1FAIpQLSfSQdKNpBJmvIqf6zIxWYzofJI9ByXVrLKEQxI4qPbhcYOzXA/viewform?fbclid=IwAR2TTC5ERUw-wtjEUPIo-v2yohA2pwoslaa1FjLZ3OJXndSMIsSoEuh76_c

Wann dir wëllt Fussball matspillen, musst Dir Iech bei mir (Daniel Weiler) umellen. Dest einfach iwwer Facebook oder per Mail un: daniel.weiler@avl.lu (bis spéitstens den 20.04)

Dir musst keng Angscht hunn, dass den Tournoi nëmmen fir Championsleaguespiller ass, mir wäerten viraussiichtlech puer Teams umellen, an des den Niveauen no opdeelen (Mir kenne bis zu 3 Equipen mathuelen. Zeckt also net Iech bei mir unzemellen!!

Mir brauchen ob allefalls vill Ultras fir eis unzeféieren, fir dass mir och sécher als Gewënner vum Feld ginn.

Fir den Transport hunn mir nach keng final Entscheedung getraff, mir halen Iech do um lafenden.