Versammlung - 125 Joer Feier

Verëffendlecht, den 13.04.2021 Versammlung - 125 Joer Feier

Léif Memberen,

 

Wei der bestëmmt schonn all héieren hutt feiert den AVL 2022 säin 125ten Gebuertsdag. Fir dësen Ulooss gi vill motivéiert Membere gesicht fir des Festivitéiten ze organiséieren.

Dat ganz wäert an Zesummenaarbecht mat den Anciens ausgeschafft ginn. Vun dësen hunn sech och schonn eng ganz Partie motivéierte Leit zesummefonnt. Am Austausch mat hinnen hunn mir eis och schonn e puer flott Ideen iwwerluecht. Dobäi wollte mer iwwert ganz Joer verdeelt verschidde Geleeënheete fir ze feieren organiséieren.

Mee sou eng Organisatioun geschitt net vun eleng, dofir brauche mer méiglechst vill engagéiert Memberen déi bereet si flott Eventer auszeschaffen. Wanns du also eppes fir den AVL maache wëlls, motivéiert bass ze hëllefen an eegen Ideen bäidroe kanns, da komm den 22. Abrëll an dësen Zoommeeting (de Link kënnt no). Awer och wanns du einfach nëmme bëssi virwëlzeg bass wat mer eis schonn iwwerluecht hunn kanns de geare laanscht kommen. Bei der Organisatioun gi et vill verschidden Aarbechten, sou dass sech secher eppes fënnt wat och du geare mëss.

Ech géif mech freeë wann sech trotz der aktueller Lag, vill engagéiert Membere fanne géifen, sou dass mir 2022 eng flott Zäit zesumme verbrénge kennen an an eisem Veräin e flotte Gebuertsdag feiere kennen.

 

Leif Gréiss a bleift gesond,

 

Jeanne-Marie