Virtuell Meetings mat eise Sponseren

Verëffendlecht, den 12.11.2020
Wei der all wësst, fält eis Ponttorfeier dëst Joer leider aus.
Mee fir dass dir trotzdeem Méiglechkeet hutt är eicht professionell Kontakter ze knüpfen, iech eng Stageplaz oder schonn eng Aarbechtsplaz ze sichen, organiséiere mir mat eise Sponseren virtuell Meetings iwwert Zoom.
Dëst wäert mat all Sponser eenzel ofgehale ginn an dir musst iech per Mail beim Jeanne-Marie Wagener (jeannemarie.wagener@avl.lu) umellen.
Mir wäerten ëmmer Veranstaltungen erstellen (op Facebook wéi och op eisem Site), soubal mer mat hinnen ausgemaach hunn wéini dëst si sollen.
 
Déi verschidde Firme wäerten sech hei da virstellen, soe wat se fir Leit sichen an eventuell ass jo eppes Interessantes fir dech dobäi. Duerno wäert dann en oppent Gespréich tëschent Studenten an der Firma stattfannen, wous de all Fro déi der um Häerze leit stelle kanns.
Et lount sech op allefalls ëmmer laanscht kucken ze kommen a Firme kennenzeléieren, och wann s de mat dengem Studiegang net onbedéngt direkt un déi Firma denks.
 
Mir hoffe vill motivéiert Studente mat dobäi ze hunn
Äre Comité