Virversammlung Staffellaf

Verëffendlecht, den 09.04.2024 Virversammlung Staffellaf
Léif Memberen,
Nächste Mount steet den AVL Staffellaf rëm virun der Dier, wou mir gestaffelt vun Oochen bis op Lëtzebuerg lafen. Dëst Joer soll et op Uewerdonwen goen, Heemechtsduerf vun eiser Präsidentin Anita Barthelmy.
Wéi all Joers, organiséiere mir eng Staffellafversammlung wou all Detailer gekläert ginn an gekuckt gëtt wien wou a wéini leeft. D' Versammlung fënnt dëst Joer den 22. Abrëll um 19 Auer am Kaktus statt. Mir wäerten Streck an +- 10-20km Stecker opdeelen, sou kennt dir dat wielen wat iech am beschten passt. Natierlech machen mir och gearen Ausnahmen mit dem Kilometer no ennen oder uerwen. Et immens wichteg dass jiddwereen deen matlafen well bei dëser Versammlung matmëscht.
Wéi leeft den Staffellaf of ?
Den 31. Mee treffen mir eis um 07:00 Auer virum Rathaus hei zu Oochen.
Den éischten Dag lafen mir an d'Géigend vun Weiswampech, wou mir Owes all zesummen iessen ginn. Dir wäert och d'Méiglechkeet kréien op der Platz ze schlofen. Den zweeten Dag geet et dann weider op Uewerdonwen wou mir vun der Gemeng empfang gin.
 
Jiddwereen deen beim Staffellaf well deelhuelen soll sech ënnert folgendem Link umellen :
https://docs.google.com/.../16WHggCjA6nnTTbyj9ZKz.../edit...
Et wäerten an den kommenden Wochen natierlech méi Detailler gepoust gin.
Äre Comité