Zousätzlech Plazen fir d'Skivakanz

Verëffendlecht, den 06.11.2021 Zousätzlech Plazen fir d'Skivakanz

Leif Memberen,

 

An knapps 4 Wochen ass et scho souwäit. Déi éischt AVL Skivakanz steet virun der Dier. Vum 30. November bis den 5. Dezember fueren mir op Tignes an déi franséisch Alpen fir 4 Deeg laang Ski- an Snowboard ze fueren. Wéi et schéngt sinn nach vill Leit drun interesséiert mat ze goen an dowéinst hu mir decidéiert nach een 3te Chalet ze buchen soubal mir genuch Zousoen hunn. Wann dir also nach spontan Loscht hutt fir mam AVL an d’Skivakanz ze goen, dann mellt iech w.e.g sou séier wéi méiglech beim Alain (FB oder alain.georges@avl.lu). Och Leit déi nach ni Ski/Snowboard gefuer sin oder matgoen wëllen ouni ee Skipass ze huelen, kënnen sech gear mëllen fir matzegoen. Mam 3te Chalet wieren mir dann insgesamt zu 31, soudass d’Vakanz fir jiddwereen ee Stéck méi bëlleg gëtt. Zu Tignes am Duerf selwer ass di lescht Woch genuch Schnéi gefall an an der nächster Woch wäert et och weider schneien, soudass et eis net u Schnéi fehlen wäert.

 

Oflaf: An der Nuecht vun méindes op dënschdes fueren mir um 4 Auer vum P+R Houwald aus mam Bus op Tignes an kommen dann do géint 14 Auer un fir dass mir den Check-In, d’Skimaterial an d’Skipäss reegelen kënnen. 4 Deeg laang sinn mir dann op den insgesamt 150km laangen Pisten vum Skigebitt ënnerwee. Mëttes treffen mer eis dann jeeweils op enger vun den Hütten fir dann zesummen zu Mëtteg z’iessen. Een Owend spendéiert den AVL eng Raclette an organiséiert bëssen Gedrénks. Freides owes gin mir dann zesummen an de Restaurant an d’Nuetsliewen vun Tignes erkundegen. Sonndes fueren mir géint 10 Auer fort an kommen owes géint 20 Auer rëm um P+R Houwald un, soudass dir nach d’Méiglechkeet hutt fir mat Zäiten zréck op Oochen ze fueren. 

 

Mir freeën eis lo schon op eng flott Skivakanz!

 

Mat beschte Gréiss,

Alain Georges